Den Datum vum JOTA 2024 ass : 18. – 20. Oktober
QST-Emissioun – offiziell Ouverture hei zu Lëtzebuerg
D’QST-Emissioun ass di offiziell Ouverture vum JOTA / JOTI Weekend hei zu Lëtzebuerg. Offiziell Vertrieder, am Prinzip di international Kommissären vun deenen zwee Scoutsverbänn FNEL an LGS sou wéi och e Vetrieder vun de Radioamateuren, halen eng kleng Usprooch. Duerno kënnen all d’Gruppen sech eng Kéier era mellen fir hir Presenz ze markéieren.
klick op d’Bild fir de Livestream vun der QST-Emissioun 2023 ze kucken:
Follgend Statiounen hunn 2023 mat gemeet:
LX1JAB Abbé Pierre, Beetebuerg, Home St. Luc Beetebuerg
LX1JAF Well Säi, Steesel
LX1JAH Hoga Scouten a Guiden, Weicherdang
LX1JAJ St. Joseph Esch, Weicherdang
LX1JAS Diables rouges, Schëffleng
LX1JAZ Mamer Wiselen, mat den Piwitschen vu Capellen an den Hirsch vu Colmarbierg, Home Mamer Wiselen
LX9S European WOSM Headquarter, Mondorf
Den Jota-Joti Badge 2023 ass och disponibel, dee kann een online beim Weltbüro bestellen
(klick op de Badge)