JOTA-JOTI 2019 Newsletter #1 vum 5.9.2019

JOTA-JOTI 2019 Newsletter #1 „Léif Guiden, Scouten an Amateurfunker, Mir hoffen dir hutt Iech schonn Alleguerten gutt vum Camp erholl an sidd prett vir dat néit Guiden a Scoutsjoer. Och wann et nach e bëssen ass bis den nächsten JOTA-JOTI, wollte mir Iech matdeelen, dass mir mat den Preparatiounen ugefaangen hunn. De JOTA-JOTI 2019 fënnt den 19. an 20. Oktober statt. Dëst Joer wëlle mir niewend dem JOTA een weideren Fokus op den JOTI leen. Eist JOTA-JOTI-Spill wäert dest Joer dofir och souwuel fir de JOTA wéi fir de JOTI ugepasst sinn. Weider Informatioune kommen hei an enger spéiderer Newsletter. Grad zu eiser haiteger, mat Computer, Tablett, Smartphone… ass dëst een weideren Kommunikatiounsmoyen vir sech mat d’Leit aus allen Länner, Kontinenter op oder räich kennen austauschen. Dofir wäert dëst Joer d’JotaJotiSpill och mat dësen Medien ze dinn hunn. Weideren Virdeel ass deen, dass Scoutsgruppen kennen um JOTA-JOTI deelhuelen, déi keen Funkamateur hunn oder och vläicht nëmmen wärend e puer Stonnen wëllen um JOTI deel huelen. Vir déi Gruppen déi sech schonn sécher sinn, dass si dëst Joer erëm derbäi sinn, kennen sech schonn iwwert eis Homepage umellen: http://www.jotajoti.lu/umeldung/ Falls dir als Grupp nach keen Funkamateur hutt, an ëmgedréint, wann dir als Funkamateur nach keng Grupp hutt, dann zeckt net iech sou séier wéi méiglech bei eis ënnert ul.itojatojnull@ofni ze mellen. Mir wënschen Iech all nach eng flott Vakanz an e gudden Start an dat neit Guiden an Scoutsjoer. Lénks Patt, 73, a bis...

Umeldung 2019

Dir kennt iech elo scho bei eis umelden fir de JOTA a JOTI 2019. Falls dir déi nach net kritt, kennt dir iech och gär op eis Newsletter abonnéieren. Wann dir nach op der Sich no engem Funkamateur sidd, meld iech sou séier wéi méiglech bei...