Feedback 2019

Fir verschiddener ass de JOTA-JOTI fir dest Joer scho riwwer, anerer kenne vläicht nach e besse weider funken, chatten, etc. Mir wieren awer frou, wann dir eis nom JOTA-JOTI dee kuerze Feedback-Formulaire géift ausfëllen. Merci am...

JOTA-JOTI Spill 2019

D’Informatiounen iwwer d’Spill wou dëst Joer souwuel JOTA- wéi och JOTI-Gruppe kenne matmaachen sinn online. All Gruppen déi sech ugemellt hu kruten och d’Detailer per Mail...

JOTA-JOTI 2019 Newsletter #2 vum 2.10.2019

JOTA-JOTI 2019 Newsletter #2 Léif Guiden, Scouten an Amateurfunker, De JOTA/JOTI réckelt ëmmer méi no an bei eisem Team lafen d’Preparatiounen och op Volltouren. Mir wëllen Iech awer heimat drun erënneren, dass déi Gruppen, déi sech bis elo nach net fir de JOTA oder de JOTI ugemellt hunn, dëst bis spéitstens den 10. Oktober maachen sollen, fir dass mir är Lizenzen nach ufroe kënnen. Mir wëllen Iech och drun erënneren, fir Iech bei eis ze mellen, wann dir nach speziellt Equipement oder QSL‘s Kaarten fir JOTA oder JOTI braucht. (Déi éischt sinn vir 😉 ) Fir de Gewënner vum JOTA/JOTI hu mir eis och e flotte Kaddo afale gelooss, deen dir an ärem Grupp bestëmmt gutt gebrauchen kënnt. Dowéinst onbedéngt beim Spill matmaachen. Weider Informatiounen zum Spill kommen no soubal mir all d’Umeldungen hunn. Kuckt iech och am viraus eng Kéier d’Homepage vum Weltbüro (WOSM) www.jotajoti.info un, hei fënnt een och erëm eng Rei nëtzlech an interessant Infoen zum JOTA/JOTI. Samschdes den 19. Oktober um 15:00 Auer ass wéi all Joer eis QST Sendung. Dës gëtt esou wéi di lescht Joren och iwwert Funk (um LX0LU 145.700 MHz an um LX0HI 145.725 MHz) an iwwert de Live-Stream op www.jotajoti.lu iwwerdroen. Gidd och regelméisseg eis eegen Homepage www.jotajoti.lu kucken, hei sinn elo schonns eng Rei wichteg Informatiounen drop, an et kommen der an den nächsten Deeg nach derbäi. Lénks Patt, 73, a bis...

Badge a Bastelkit 2019

Wéi d’läscht Joer bidde mir keng Sammelbestellunge fir d’Badger méi un, well et aus logistesche Grënn net méiglech ass, dass jidderee seng Badge mat Zäit kritt, wa mir réischt bestellen nodems déi läscht sech bei eis ugemellt hunn. Bestellen kënnt dir awer direkt hei soubal dir décidéiert hutt matzemaachen: https://www.worldscoutshops.com/new-arrivals/jota-joti-woven-badge-2019 Hei fënnt een och nach aner flott Saachen zum Thema JOTA-JOTI oder soss Scoutsartikel. Informatiounen zu Bastelkits fannt dir...

JOTA-JOTI 2019 Newsletter #1 vum 5.9.2019

JOTA-JOTI 2019 Newsletter #1 „Léif Guiden, Scouten an Amateurfunker, Mir hoffen dir hutt Iech schonn Alleguerten gutt vum Camp erholl an sidd prett vir dat néit Guiden a Scoutsjoer. Och wann et nach e bëssen ass bis den nächsten JOTA-JOTI, wollte mir Iech matdeelen, dass mir mat den Preparatiounen ugefaangen hunn. De JOTA-JOTI 2019 fënnt den 19. an 20. Oktober statt. Dëst Joer wëlle mir niewend dem JOTA een weideren Fokus op den JOTI leen. Eist JOTA-JOTI-Spill wäert dest Joer dofir och souwuel fir de JOTA wéi fir de JOTI ugepasst sinn. Weider Informatioune kommen hei an enger spéiderer Newsletter. Grad zu eiser haiteger, mat Computer, Tablett, Smartphone… ass dëst een weideren Kommunikatiounsmoyen vir sech mat d’Leit aus allen Länner, Kontinenter op oder räich kennen austauschen. Dofir wäert dëst Joer d’JotaJotiSpill och mat dësen Medien ze dinn hunn. Weideren Virdeel ass deen, dass Scoutsgruppen kennen um JOTA-JOTI deelhuelen, déi keen Funkamateur hunn oder och vläicht nëmmen wärend e puer Stonnen wëllen um JOTI deel huelen. Vir déi Gruppen déi sech schonn sécher sinn, dass si dëst Joer erëm derbäi sinn, kennen sech schonn iwwert eis Homepage umellen: http://www.jotajoti.lu/umeldung/ Falls dir als Grupp nach keen Funkamateur hutt, an ëmgedréint, wann dir als Funkamateur nach keng Grupp hutt, dann zeckt net iech sou séier wéi méiglech bei eis ënnert ul.itojatojnull@ofni ze mellen. Mir wënschen Iech all nach eng flott Vakanz an e gudden Start an dat neit Guiden an Scoutsjoer. Lénks Patt, 73, a bis...