Informatiounen / JOTA / Aktivitéiten

Aktivitéiten zum Thema Funk

Fuussejuegd

Nee, mir huelen elo net d’Flënt a ginn op Fuussen duer. Eng Fuussejuegd ass eng Aktivitéit déi mat Funk fonctionnéiert. Op enger bestëmmter Plaz gëtt een Apparat opgestallt. Dëst ass e Funksender mat enger Antenn deen an regelméissegen Ofstänn ee bestëmmten Piipstoun send. Mat engem, oder méi Empfänger kann een dann dëst Signal héieren. Wat een dem Sender méi no kënnt, wat d’Piipsen méi haart gëtt. D’Ziel ass et de Sender ze fannen.

Falls dir hei drun interesséiert sidd, kënnt dir eis kontaktéieren. Mir kënnen iech weiderhëllefen fir un esou Material ze kommen (a limitéierter Unzuel).

Hei zousätzlech Infos am Web

ATV (Amateur TeleVision)

Den Amateurfunk-Fernseh ass eng Méiglechkeet fir mat enger Videokamera bewegten Biller un en Empfänger ze schécken. Et ass am Fong ewéi e Webcam-Chat am Internet, mam Nodeel dass all Kéiers just een Biller schécke kann während all di aner kucken kënnen. De Virdeel vis-a-vis vum Webcam-Chat ass, dass ee wéi bei der Televisioun Biller 25 Biller a voller Gréisst iwwerdréit, wat vun der Qualitéit hier also besser ass.

Als Empfänger geet hei en analogen Satellitten-Receiver mat der entspriechender Antenn fir d’23cm Band duer.