Informatiounen / jota-joti-2018 / JOTA-JOTI 2018

Jota-Spill 2018

Jota-Spill 2018

Informatiounen zum JOTA-Spill 2018

Am JOTA-Spill vun dësem Joer geet et erëm dorëm, Fotoen per SSTV ze verschécken an ze empfänken. Am Géigesaz zu de Jore virdrun ass d’Zil net, fir d ‘Léisung vun engem Rätsel ze fannen an eis (der Équipe vum Aarbechtsgrupp Alexander Graham Bell) dës ze schécken, mee einfach, fir méiglechst kreativ während dem JOTA ze sinn, an eng flott Interaktioun mat méiglechst villen anere Gruppen, déi matmaachen, ze hunn. Et gëtt also keen Gewënner mee et soll een einfach Spaass am Grupp a mat der Kommunikatioun mat anere Gruppen hunn.

D’Spill wäert dorëms goen, fir eng Geschicht am Grupp auszeschaffen, déi een duerno un Hand vu minimal 7 Fotoen kann erzielen. Mir hunn 3 méiglech Themen erausgesicht, wou all Grupp sech dann een raus sichen kann (oder wa se ganz motivéiert sinn, an et zäitlech méiglech ass, kann e Grupp der natierlech och 2 oder 3 maachen). Et besteet natierlech och d’Méiglechkeet eng Extensioun ze maachen a méi wéi 7 Fotoen pro Geschicht ze benotzen, mee et muss ee bedenken, dass d’Iwwerdroung vun all Foto eng gewëss Zäit brauch (cf. Detailer méi wäit ënnen).

D’Virgabe fir déi 3 Geschichte si jeeweils:

1 Intro- Saz, wéi d’Geschicht ufänkt,

5 Objeten déi duerno iergendwéi an der Geschicht (an natierlech op de Fotoen) virkomme sollen.

 

Just als Beispill: “Am Besch war et ganz däischter, den Hänsel an d’Grethel sinn ënnerwee”

5 Wieder: Kichelchen, Broutgrimmel, Hex, Kaz, Computer.

Des Virgaben kritt all Grupp réischt Freides virum JOTA, fir ze évitéieren dass schonn am Viraus zevill dru geschafft gëtt, an d’Spontaneitéit an Improvisatioun géif verluer goen. All Grupp kritt awer déi selwecht Virgaben, wat eng kleng Hëllef beim Knoblen ass.

Fir de Rescht, ass et der Phantasie vun alle Gruppen iwwerlooss, fir eppes Flottes doraus ze maachen 🙂

Wann ee Grupp seng Geschicht fäerdeg huet, kann e sech jo op der Frequenz 144.500 MHz (Uruff Frequenz am 2m Band fir SSTV) mol ëmfroen, op aner Statiounen do si fir d’Biller ze empfänken. Wa schonn een anere Grupp amgaang ass d’Biller vu senger Geschicht ze iwwerdroen, kann een natierlech einfach mol mat “lauschteren” a matmaachen. Wann een d’Geschicht scho kennt, well ee se virdru schonn eng Kéier matkritt huet, kann een natierlech och kucke fir op enger alternativ-Frequenz mat engem anere Scouts-Grupp Biller auszetauschen. N.B.: Laut dem aktuelle Bandplang kann een FM SSTV tëschent 144.500 MHz an 144.794 MHz maachen, déi nächst “logesch” Frequenz wier also 144.525 MHz, wann 144.500 scho besat wier. Et besteet natierlech och d’Méiglechkeet einfach mol op de Phonie-Frequenzen (145.400 MHz, etc) ee Sked (“pre-arranged or scheduled contact”) aus ze maachen. Äre Funkamateur hëlleft iech sécher heibäi.

Also am Résumé:

Zil vum Spill:

– Eng flott Geschicht am Grupp ausschaffen,

– Méiglechst ville Gruppen d’Fotoen vun der Geschicht per SSTV schécken, a kucken op si se kënne rekonstruéieren (Phonie, also mat deenen aneren iwwer Funk schwätzen),

– Méiglechst vu ville Gruppen hier Fotoen vun hirer Geschicht per SSTV empfänken, a probéieren am Grupp d’Geschicht ze rekonstruéieren.

 

Technesch “Requirements” (fir de Funkamateur):

Fir beim Spill kënne matzemaachen brauch all Statioun folgend Équipementer:

– Eng 2m Statioun déi d’Méiglechkeet huet SSTV Biller ze schécken an ze empfänken

– Ee Fotoapparat, mat deem een op der Plaz Fotoen maachen kann fir se dann op de Computer, dee benotzt gëtt fir se per SSTV ze verschécken, ze iwwerdroen

– Eventuell ee klengen Zeecheprogramm fir Nummeren an d’Fotoen ze setzen (wann ee se wëll duerch-numeréieren fir et méi kloer ze maachen). Noutfalls kann een dat awer och am SSTV Programm “on the fly” maachen.

– Et ass natierlech och vu Virdeel, wann een am Viraus (virum JOTA-Weekend) sech dee benotzen SSTV Programm eng Kéier ugekuckt huet, fir e méiglechst gut kënnen ze benotzen. Méi Informatioune kann een z.B. op http://www.jotajoti.lu/informatioun/sstv-praxis/ liesen.

 

Zäitlech “Requirements” (fir de Scouts-Chef):

Während dem Weekend sollt Folgendes virgesi ginn:

– Eng gewëss Zäit fir am Grupp eng Geschicht auszeschaffen, un Hand vun eise Virgaben (kréien all d’Gruppe réischt Freides virum JOTA) – dëst brauch just eng Kéier gemaach ze ginn,

– Zäit-Slots wou d’2m Statioun vun de Scouten (am beschte mat engem Funkamateur, fir d’efficace Benotzung vum SSTV Programm) benotzt gëtt fir entweder hier Geschicht ze verschécken, oder anere Gruppen hier Geschicht ze empfänken, an dann ze rätselen wat si mat deene Biller wuel soe wollten

– dëst kann och ouni Problem während dem Weekend e puer mol mat méi klenge Équipen innerhalb vum Grupp gemaach ginn. Opgepasst: dat ass natierlech ofhängeg vun anere Scouts-Gruppen déi matmaachen, a grad als Géigestatioun disponibel sinn. Et sollt een och mat aplangen, dass d’Verschécken (respektiv Empfänken) vun enger Foto am SSTV Martin 1 Modus 112 Sekonnen dauert. Verschidden aner Moden sinn zwar méi séier, mee doduerch kënnen Detailer an der Foto verluer goen. Fir 7 Fotoen ze senden oder empfänken muss een also eng véirel Stonn virgesinn. Während déi nächst Foto empfaang gëtt, kann een awer zum Beispill schonn iwwer déi Foto vu virdrun diskutéieren.

 

Läscht Informatiounen, oder eventuell Changementer déi missten aus organisatoresche Grënn gemaach ginn, wäerte mir och iwwer d’QST Emissioun, déi Samschdes mëttes stattfënnt, matdeelen.

Falls eppes net kloer wier, zéckt net fir är Froen un ul.itojatojnull@ofni ze schécken.