Informatiounen / Spill / JOTA-JOTI 2019

Jota-Spill 2019

Informatiounen zum nationale JOTA-JOTI-Spill 2019

D’Spill vun dësem Joer soll och de Joti-Statiounen méi einfach zougänglech sinn.

Dëst Joer geet et drëm en Kräizwuerträtsel ze léisen.
All Grupp deen dëst Joer matmëscht, kritt eng Rei vun den Froen. Fir un all d’Froen ze kommen, musst dir Iech ënnerteneen austauschen. Dëst kennt dir maachen iwwer Funk (Phonie), SSTV, am IRC um Scoutlink …
Wien dat ganzt Rätsel geléist huet, huet dann als Léisung eng laang Rei vun Buchstawen. Des mussen dann op Guiden- an Scoutsmanéier dekodéiert ginn.
Als Resultat kennt eng Telefonsnummer eraus.
Dir musst op des Telefonsnummer uruffen, an do d’Codewuert nennen. Dëst Codewuert gitt dir an der QST Emissioun gewuer.

Wann dir d’Rätsel falsch léisst, kann et natierlech sinn, dass dir bei dem falschen urufft. Entschëllegt iech dann héiflech bei där Persoun an erkläert eventuell wéi et dozou komm ass, villäicht kann iech déi Persoun jo weiderhëllefen 😉

Hei fannt dir schonn dat eidelt Kräizwuerträtsel, Froen selwer kréien déi Gruppen déi sech ugemellt hunn kuerz ier de JOTA JOTI ufänkt per Email.

 

Läscht Informatiounen, oder eventuell Changementer déi missten aus organisatoresche Grënn gemaach ginn, wäerte mir och iwwer d’QST Emissioun, déi Samschdes mëttes stattfënnt, matdeelen.

Falls eppes net kloer wier, zéckt net fir är Froen un ul.itojatojnull@ofni ze schécken.