Kniwel / Bastel

Zum JOTA-JOTI-Weekend gehéiert och eng Kniwel. Vill Funkamateuren oder Informatiker kennen sech jo an der Elektronik aus. Eng Aktivitéit kann en Elektronikbausatz sinn. Hei kritt een vum bluddegen Ufänker bis hin zum Profi alles wat ee wëll. Et kann een eng LED-Luut bauen, e Krëschtbeemchen dee liicht, e Roboter deen der Luut noleeft, … . Hei gëtt natierlech e minimalt Wëssen vun Elektronik a Léiden virausgesat. Mee de Funkamateur hëlleft bestëmmt gäre weider. Hei sinn e puer Beispiller waat een esou bastele kann… Hei fannen déi Leit déi sech e bëssen fir Elektronik interesséieren, Schaltungen déi ouni Platinen opgebaut gin. Et brauch ee just e Briet an Punaisen.

Fir dat jiddereen säi Bastelkit mat Zäit huet an dass och jiddereen en sengem Budget an Interesse ugepasste Bastelkit fënnt bidde mir hei e puer Linken u wou Dir är Kiten selwer bestelle kënnt.
Hei ass de Site vu wou mer bis elo eis Kiten krit hunn, dëse Site ass vu Scouten fir Scouten:
http://kitbuilding.org

An da ginn et nach verschidden professionell Ubidder:
https://www.pollin.de
https://www.reichelt.de (Suchbegrëff: Bausatz)
https://www.conrad.com
https://www.amazon.de
a wann een da bis elo nach näischt fonnt huet kann een och nach hei sichen…
https://www.ebay.de