Morse

Samuel Finley Breese Morse

Gebuer den 27. Abrëll 1791 zu Charlestown am Massachusetts.

Gestuerwen den 2. Abrëll 1872 zu New York.

Als Moler vu Portrait’en  huet hien sech duerch d’Liewen geschloen bis dat hien 1837 säin éischten Telegraphenapparat aus enger Staffelei gebaut huet. Hien huet dat Joer drop säin Morse-Apparat virgestallt, mee den amerikaneschen Kongress war dovunner net iwwerzeegt. Hien huet doropshin probéiert säin Apparat an Europa ze vermaarten , mee och ouni Erfolleg.

1843 sollt hien dann eng 60 Kilometer laang Leitung vun Washington op Baltimore verleeën mee och dësen Projet ass bal gescheitert well de Kabel sollt ënnerierdesch verluet ginn an dobäi ass dësen beschiedegt ginn. Dofir hunn se d’Leitung duerno mat Masten iwwer Land gezunn an de 24. Mee 1844 konnten se dunn deen éischten Message iwwerdroen. Den Text war “What hath God wrought”. (Wat huet Gott gemeet?) Haut erënnert nach e Schelt eis heidrun.

Duerno gouf de Samuel Mat der “Ehrendoktorwürde” ausgezeechent an hien gouf Member vu bal allen amerikaneschen Wëssenschafts- a Konschtakademien. Aus aller Welt krut hien dunn seng verdéngten Unerkennung. Ofgeléist gouf seng Erfindung duerch d’ Erfannen vum Telefon obwuel och haut nach bei de Radioamateuren d’Morsen nach benotz gëtt well dëst och bei schwachen Verbindungen nach verständlech bleift.

Esou gesäit och haut nach eng traditionell Morsetast aus.

Fir ze empfänken gouf eng Schreifnool vu Magnéiten ugezunn an huet Punkten a Stricher op e Pabeierband gezeechent wat vun engem Auerwierk virugezunn gouf.

Haut des Daags gëtt Morse haaptsächlech nëmmen nach akustesch opgeholl oder eventuell mat Hëllef vun engem Computer décodéiert.

De Morsecode huet am Ufank nëmmen aus Zuelen bestanen déi dann mat Hëllef vun enger Tabell an Text ëmgewandelt goufen. E Mataarbechter vum Samuel huet dann och Buschtawen an de Code opgeholl an 1865 gouf dëse Code mat e puer Ëmännerungen um Internationale Telegraphenkongress zu Paräis standardiséiert.

Fir e Code propper ze schreiwen an ze erkennen gëllen folgend Regelen:

E Strich ass dräi mol sou laang wéi e Punkt.

D’Pausen tëschent de Punkten oder Stricher innerhalb engem Buschtaf sinn sou laang wéi e Punkt.

D’Pausen tëschent eenzelnen Buschtawen sinn sou laang wéi e Strich oder wéi dräi Punkten.

D’Paus tëschent zwee Wierder entsprécht siwen Punkten.

Morse fir musikalesch Begaabter

Probéier emol aus dësem Museksstéck de Morsecode eraus ze héieren. Wéi eng Buschtawen sinn am Numm vum Auteur vum Stéck ze fannen.