Informatiounen / /

Phonie

Phonie

Op dem 2m Band ginn traditionell während dem JOTA-Weekend Phonie-QSOen (Sprooch-funk) tëschent deene verschiddene JOTA Statiounen zu Lëtzebuerg gemaach, ënnert anerem fir d’Rätselen vum nationale JOTA-Spill ze léisen. Natierlech kann een hei och allméiglech aner Informatiounen austauschen.

 

D’Uruff-Frequenz ass hei 145.400 MHz. Fir e QSO ze féieren, ass et recommandéiert op eng aner Frequenz auszewäichen, fir d’Uruff-Frequenz erëm fräi ze maachen. Dëst geschitt am beschten andeems een a 25 kHz Schrëtt no uewen oder ënnen d’Frequenz wiesselt (zum Beispill 145.375, 145.350, etc, oder 145.425, 145.450, …).

Opgepasst: d’Frequenz 145.500 MHz soll fräi gelooss ginn, well dës laut dem Bandplang prioritär als Mobil Uruff-Frequenz benotzt gëtt.

 

Während dem JOTA sollen och fir normal QSOen (Kontakter mat anere Scout-Statiounen) d’Relais-Statiounen net benotzt ginn mee ëmmer nëmmen di Direkt-Frequenzen.

 

Déi national QST Emissioun fënnt all Joer op de Relais’en LX0LU an LX0HI statt.

 

Op Kuerzwell ginn d’Frequenzen aus der folgender Lëscht prioritär vun den Scoute benotzt, wann dir also mat anere Scouten ee QSO wëllt maachen, probéiert mol op dëse Frequenze eran ze lauschteren oder CQ ze ruffen:

 

  • 80 meter — 3.690 MHz
  • 40 meter — 7.190 MHz an 7.090 MHz
  • 20 meter — 14.290 MHz
  • 17 meter — 18.140 MHz
  • 15 meter — 21.360 MHz
  • 12 meter — 24.960 MHz
  • 10 meter — 28.390 MHz