Schutz am Internet

Et as immens einfach sech fir en aneren auszeginn. Iergendeen kann um Internet “soen” dat en e Scout ass oder e Grupp vun Scouten, an a Wierklechkeet ass dëst awer net de Fall. Hei sinn e puer Rotschléi fir „sécher“ um JOTI deelzehuelen:

  • Gidd nie ären ganzen Numm, är Privatadresse, Telefonsnummer, Schoul oder änleches an enger Email oder an engem Chat eraus.
  • Wann der eng Email kritt oder iwwert Internet kontakteiert gidd an dëst iech komesch firkënnt, soot ärem Chef bescheed dat deen sech dat ukuckt.
  • Wann der eng Email kritt oder iwwert Internet kontaktéiert gidd wou een iech perséinlech treffen well oder iech privat Informatiounen freet, äntwert net! Sot ärem Chef Bescheed fir dat deen sech daat ukuckt an deementspriechend handele kann.

JOTI Sécherheetsrichtlinnen

De JOTI ass eng super Geleeënheet fir sech mat Scouten aus der ganzer Welt ze verbannen. Et ass ganz wichteg dass all d’Leit sécher sinn bei dësen Aktivitéiten. Aus dësem Grond ass “Safe From Harm” (sécher viru Schued) e prioritäre Programm fir d’Scouten mat Moossnamen a Prozeduren fir sécherzestellen datt jiddereen sech sécher fillt. Zesummen si mir all verantwortlech fir e séchert Ëmfeld ze schafen an deem jiddereen ka Spaass hunn a respektéiert gëtt.

Geforen am Internet

Mat all senge Méiglechkeeten an Beräicherungen ass d’Benotzung vum Internet och mat ville Risiken verbonnen, mat Geforen fir perséinlech Daten, Wuelbefannen oder Sécherheet. Verschidde Leit hu falsch Absichten, a mir mussen eis all deem bewosst sinn an och wëssen wéi e reagéiere muss. Fir méi iwwer Är Online Sécherheet erauszefannen an Iech ganz op den JOTI virzebereeden, benotzt den “Short Being Safe Online E-Learning” (op Englesch).

Mindestalter & Opsiicht duerch Erwuessener

Du muss op d’mannst 13 Joer al sinn fir dech anzeschreiwen. Fir deng Sécherheet an däi Wuelbefannen, gëtt vun all Participant tëscht 13 an 18 Joer erwaart dass si sech informéieren an en Erwuessenen an hir JOTI-Erfarung mat abezéien, inklusiv dës Säit zesummen kucken. Déi bedeelegt Erwuesse sinn verantwortlech fir d’Iwwerwaachung vun de Jonken hiren Aktivitéiten.

Verstéiss géint d’Regelen

Wann iergendeen géint déi follgend Regele verstéisst, kënnen eng Zuel vu Moossname géint déi Konten geholl ginn, déi d’Regele verletzen, wéi zum Beispill de Kont blockéieren, läschen oder och nach de “Safe From Harm Team” kontaktéiere fir weider Ënnersichungen.

Dat séchert JOTI Verspriechen

Ech wäert …

  • en Erwuessenen informéieren an hien a meng JOTI-Erfahrung mat a bezéien
  • handelen wéi e Scout andeems ech d’Verspriechen an d’Gesetz befollegen, souwéi och dem WOSM säin Verhalenskodex
  • all verletzend oder verdächteg Aktivitéit déi ech erliewen un eis Kontaktadress mellen
  • frëndlech a respektvoll sinn mat all deenen déi ech online begéinen
  • meng Passwierder a perséinlech Donnéeën geheim halen
  • mech ni u verletzender Sprooch oder Haass förderden Aussoen bedeelegen, oder anerer demütegen..
  • vill Spaass beim kenne léieren vun neie Scouts-Frënn!

Brauchs Du Hëllef? Hei ass wat ze maachen ass!

1. Informéier als éischt en vertrauenswürdegen Erwuessenen, z.B. en Elterendeel, en Erziehungsberechtegten oder Scoutschef iwwer däi Problem.

2. Schéck eng E-Mail op eis Kontaktadress mat dengem Numm, der Plattform op där et geschitt ass, so wat geschitt ass, mam Numm vum Kont deen dech beonrouegt, an am Beschten mat engem Screenshot vum Virfall.

3. E Moderator äntwert op deng E-Mail bannent 30 Minutten oder nach manner. Eis Moderatoren kënnen op Lëtzebuergesch, Englesch, Franséisch oder Däitsch äntweren.

Richtlinnen géint Schued

Den Zweck vun der WOSM “Safe from Harm” Politik besteet doran all eis Memberen viru Schued ze schützen. Mëssbrauch, Belästegung a Mobbing sinn am Scoutissem komplett inakzeptabel. Aus dësem Grond ass eng “Safe From Harm” Prozedur obligatoresch fir all weltwäit, regional an national Scoutsevenementer. Dëst beinhalt den obligatoreschen “Safe From Harm” Training fir all WOSM Mataarbechter a Fräiwëlleger. Wärend dem JOTI besteet eist Zil doran jonk Leit online ze schützen an erwuessenen Cheffen, Elteren a Fräiwëllegen wäertvoll Informatioun iwwert eis Approche vum Schutz ze bidden. Dës Reegele gëlle fir all Jiddereen deen déi online Plattforme vu WOSM oder déi vun eisen vertrauenswürdege Partner beim JOTI benotzt. Wann eppes schif geet, du gestéiert gëss oder’s du dir Suergen iwwer d’Benotzen vun dësen Online-Plattformen mëss, da kontaktéier en zouverlässegen Erwuessenen an / oder schreift eis. Wann néideg, kënne mir dir hëllefen den internationale Kommissär oder den “Safe From Harm” Koordinator vu Lëtzebuerg ze kontaktéieren. Mir fillen eis der Verantwortung verflicht derfir ze suergen datt jiddereen d’Erfarung mam JOTI sou sécher wéi méiglech mécht well jo jiddereen verbonne ass an vill nei Frënn ronderëm d’Welt fanne kann. Mir hunn en engagéiert Team vun Moderatoren déi d’JOTI Plattformen iwwerwaachen fir sécher ze stellen datt all eis Benotzer online geschützt sinn. D’Moderatoren schaffen mat eisem “Safe from Harm” Team zesummen fir all Sécherheetsproblemer ze léisen. D’”World Safe From Harm” Richtlinn gëtt zesummen mat dem WOSM Verhalenskodex ëmgesat, wou ënnerstrach gëtt wéi WOSM Memberen sech géint aner Scouten behuele sollen. Informatiounen iwwer “Safe From Harm” fënns Du hei an englescher Sprooch.