Informatiounen / JOTA / Generelles

SSTV Praxis

SSTV Praxis

Et gëtt eng Abberzuel Programmer fir SSTV ze maachen. Mir schloen iech den MMSSTV fir, dat ass vläicht net deen einfachsten mee et ass alles dran wat een brauch.

Eroflueden kann een de Programm hei:   MMSSTV

Op dëser Säit fënnt een och zousätzlech Informatiounen an Hëllefsprogrammer.

Eng Däitsch Iwwersetzung vun der Hëllef fënnt een hei:  MMSSTV_111_DtHilfe_PDF

Et ass zwar net di aktuellste Versioun, et huet sech awer och net vill geännert vun do un.

 

Well et heinsdo Problemer ginn fir sech eegen Templates ze erstellen hu mir der hei e puer erstallt:

MMSSTV_JOTA-Templates      (dëst ass eng zip.file fir erofzelueden an dann op eisen PC auszepaken)

fir se elo an ären Programm ze integréieren hu mer hei e puer Sceenshots erstallt

(drop Klicken fir ze Vergréisseren)

     fir dÉischt uewen den Reider “templates” u wielen, dann ënnen och op  “S.templates”

     da maache mir en Rietsklick op eng eidel Zell a wielen dann am Kontextmenü “Load from file”

     mer sichen eis entpakten Fichieren an da wiele mer nach den entsprechenden Template aus.