JOTA

Jamboree On The Air

Beim JOTA geet et drëms fir iwwert Funk mat aneren Guiden & Scouten a Kontakt ze trieden. Heifir gi verschidden Funkgeräter an Antennen mat Hëllef vun engem Amateurfunker opgeriicht a benotzt. Esou kann een sech op regionaler an internationaler Heischt mat anere Leit austauschen. Deen éischte JOTA war am Joer 1958.

Wat brauch ech fir beim Jota matzemaachen

Fir um JOTA kënne matzemaachen braucht dir d’Hëllef vun engem Funkamateur deen eng Lizenz huet fir eng Funkstatioun ze bedreiwen. Hien huet och oft dat néidegt Equipement (Antenn, Funkgerät) a kann Iech hëllefen a weisen wéi de Funk funktionéiert a wéi d’Guiden a Scouten e kënne benotzen.

Et sieff och drop higewisen, dass eisen Aarbechtsgrupp 2 komplett 2m Statiounen (145 MHz Mobil-Transceiver mat Alimentatioun, Koaxkabel, Vertikal-Antenn) zur Verfügung stelle kann.

Mir hunn och e bëssen Kuerzwellematerial. Mellt iech bei eis wann iech eppes feelt.

Den Aarbechtsgrupp kann intresséierte Gruppen och QSL-Kaarten zur Verfügung stellen. Eis Kaarten hunn op der Recto-Säit eng relativ grouss wäiss Fläch, déi d’Kanner op der Hand kënne personaliséieren. Op der Récksäit kann een déi normal Informatiounen zu engem QSO ausfëllen. Kontaktéiert eis einfach, wann dir sou Kaarte braucht.

Fir um JOTA matzemaachen, musst dir iech eng Kéier bei eis umellen, fir dat mir iech eng Funklizenz ufroen. Natierlech maacht dier dat och bei ärem Verband, esou wéi dir all aneren Weekend och umellt.

QSL-Karten

Den Aarbechtsgrupp kann intresséierte Gruppen och QSL-Karten zur Verfügung stellen. Dat sinn d’Empfangsbetätigungskarten am Postkarteformat. Eis Karten hunn op der Recto-Säit eng relativ grouss wäiss Fläch, déi d’Kanner op der Hand kënne personaliséieren. Op der Récksäit kann een déi normal Informatiounen zu engem QSO ausfëllen. Kontaktéiert eis einfach, wann dir esou Kaarte braucht.

Wéi fanne mir een Funkamateur?

Mir sinn a Kontakt mat enger Rei vun Funkamateuren an och mat den Funkamateurorganisatiounen.

Dir kënnt eis einfach uschreiwen wann dir op der Sich sidd a mir hëllefen da weider.

Selwer siche kënnt dir natierlech och bei dësem Funker-Veräin:

Radioamateurs du Luxembourg

Luxembourg Amateur Radio Union

Charte de bonne conduite vis à vis vum Funkamateur

De Funkamateur ass kee Scout, mir erklären him wéi alles bei äis leeft a ginn him de Programm vum Week-End.

De Funkamateur ass net zoustänneg fir d’Ausféierung vum Programm vum Weekend.

Mir suergen fir d’Disziplin an Uerdnung bei der Funkstatioun.

De Funkamateur stellt ons deiert Material zur Verfügung, dëst musse mir mat deem néidegen Respekt behandelen.

Mir paken eng Hand mat un bei der Installatioun an och duerno beim Apaken vum Funkéquipement an den Antennen.

Mir verwinnen den Funkamateur mat Iessen a Gedrénks, a stellen e proppert an agréabelt Lokal zur Verfügung.

Mir maachen him e klenge Kaddo bei der Chaine des Adieux.