JOTI

Jamboree On The Internet

Beim JOTI gëtt mat Hëllef vum Internet kommunizéiert. Heifir gi Computeren opgestallt wou d’Guiden & Scouten sech iwwert geschützten Methoden austausche kënnen. Den JOTI gëtt et zanter 1996.

Wat brauch ech fir beim Joti matzemaachen

Fir de JOTI braucht dir generell nëmmen Internetzougang an eenegermoosse performant Computeren. Dat kann och en Handy oder en Tablet sinn. Fir iwwert Video-Chat mateneen ze kommunizéieren braucht dier dann och nach eng Webcam, e Mikrofon an Kopfhörer. Bei Verschidde Geräter ass dëst jo awer scho mat drunn.

An der Rubrik Praxis-Tips fënnt een e ganze Koup Iddeeën an och Hëllef fir d’Aktivitéiten. Dëst sinn IRC, Teamspeak, Joti-TV an Joti-Radio sou wéi och nach Minecraft.