JOTA-JOTI 2019 Newsletter #2 vum 2.10.2019

JOTA JOTI Logo
JOTA-JOTI 2019
Newsletter #2

Léif Guiden, Scouten an Amateurfunker,

De JOTA/JOTI réckelt ëmmer méi no an bei eisem Team lafen d’Preparatiounen och op Volltouren.

Mir wëllen Iech awer heimat drun erënneren, dass déi Gruppen, déi sech bis elo nach net fir de JOTA oder de JOTI ugemellt hunn, dëst bis spéitstens den 10. Oktober maachen sollen, fir dass mir är Lizenzen nach ufroe kënnen.

Mir wëllen Iech och drun erënneren, fir Iech bei eis ze mellen, wann dir nach speziellt Equipement oder QSL‘s Kaarten fir JOTA oder JOTI braucht.
(Déi éischt sinn vir 😉 )

Fir de Gewënner vum JOTA/JOTI hu mir eis och e flotte Kaddo afale gelooss, deen dir an ärem Grupp bestëmmt gutt gebrauchen kënnt. Dowéinst onbedéngt beim Spill matmaachen. Weider Informatiounen zum Spill kommen no soubal mir all d’Umeldungen hunn.

Kuckt iech och am viraus eng Kéier d’Homepage vum Weltbüro (WOSM) www.jotajoti.info un, hei fënnt een och erëm eng Rei nëtzlech an interessant Infoen zum JOTA/JOTI.

Samschdes den 19. Oktober um 15:00 Auer ass wéi all Joer eis QST Sendung. Dës gëtt esou wéi di lescht Joren och iwwert Funk (um LX0LU 145.700 MHz an um LX0HI 145.725 MHz) an iwwert de Live-Stream op www.jotajoti.lu iwwerdroen.

Gidd och regelméisseg eis eegen Homepage www.jotajoti.lu kucken, hei sinn elo schonns eng Rei wichteg Informatiounen drop, an et kommen der an den nächsten Deeg nach derbäi.

Lénks Patt, 73, a bis geschwënn.