JOTA-JOTI 2019

Umeldung

Umeldung 2019

JOTA

Samschdes um 15:00 Auer ass wéi all Joer eis QST Sendung. Dës gëtt wéi di lescht Joren och iwwert Funk (um LX0LU 145.700 MHz an um LX0HI 145.725MHz) an iwwert de Live-Stream op www.jotajoti.lu iwwerdroen. Während dem JOTA-JOTI treffe mer eis national ob der Ruffrequenz 145.400 Mhz an ginn de Guiden & Scouten Méiglechkeet sech am 25 kHz Spacing ronderëm des Frequenz auszetauschen. Als Funkamateur sidd dir fir de Rëscht fräi mat ären Gruppen dat ze maachen wat dir hinne gäre wëllt weisen. Niewend normaler Phonie ass natierlech alles méiglech, ob SSTV, CW, RTTY, PSK31, … Hei nach déi international Guiden & Scouts Phonie Ruffrequenzen:

80 m 3.690 & 3.940 MHz
40 m 7.090 & 7.190 MHz
20 m 14.290 MHz
17 m 18.140 MHz
15 m 21.360 MHz
12 m  24.960 MHz
 10 m  28.390 MHz
 6m 50.160 MHz

JOTI

 

Hei e puer Aktivitéiten fir um JOTI kënnen ze maachen.

IRC (Chat)

Wéi all Joer kënnt dir Iech ob de Scoutlink Server verbannen fir mat anere Guiden a Scouten ze chatten.
Den Serverhost ass chat.scoutlink.net

Hei fannt dir eng flott Beschreiwung wéi der äre Programm kënnt ariichten: http://www.scoutlink.net/guides/irc/

Dëst Joer gëtt et als néien Channel:    #luxembourgish!

Teamspeak

Während dem JOTI kënnt dir och mat Guiden a Scouten schwätzen, dëst iwwert den Teamspeak Server vu Scoutlink. Och hei fannt der méi Informatiounen ob hirem Site: http://www.scoutlink.net/teamspeak/

Och hei gëtt et dëst Joer en neien Channel:     #luxembourgish!

JOTI.tv / JOTICafé

Eng Équipe vun engem hollänneschen Guiden & Scoutsgrupp huet eng Plattform opgebaut fir och per Webcam mateneen ze schwätzen. Weider Informatiounen op http://www.joti.tv/. De Virdeel hei ass dass dir kee Programm installéiere musst, et leeft alles am Browser.

Minecraft

Während dem JOTI gëtt et e Server deen vu Scoutlink organiséiert ass a wou Guiden a Scouten kënnen zesummen hier Welt opbauen. Méi Informatiounen op http://www.scoutlink.net/minecraft/about/