JOTA-JOTI 2020

 
 

JOTA

Viraussiichtlech Samschdes um 15:00 Auer ass wéi all Joer eis QST Sendung. Dës gëtt wéi di lescht Joren och iwwert Funk (um LX0LU 145.700 MHz an um LX0HI 145.725 MHz) an iwwert de Live-Stream op www.jotajoti.lu iwwerdroen.

Während dem JOTA-JOTI treffe mer eis national ob der Ruffrequenz 145.400 MHz an ginn de Guiden & Scouten Méiglechkeet sech am 25 kHz Spacing ronderëm des Frequenz auszetauschen. Fir et einfach ze halen, kann de Funkamateur zum Beispill a sengem Gerät folgend Frequenzen an enger Mémoire aspeicheren, sou dass d’Scouten net ongewollt op anere Frequenzen probéieren no JOTA-Statiounen ze ruffen. D’Frequenz 145.500 MHz soll och évitéiert ginn, well déi prioritär vu Funkamateuren als Mobil Uruff Frequenz benotzt gëtt.

145.300 MHz JOTA Scout national (“100 rof”)
145.325 MHz JOTA Scout national (“75 rof”)
145.350 MHz JOTA Scout national (“50 rof”)
145.375 MHz JOTA Scout national (“25 rof”)
145.400 MHz JOTA Scout Call (“Uruff”)
145.425 MHz JOTA Scout national (“25 rop”)
145.450 MHz JOTA Scout national (“50 rop”)
145.475 MHz JOTA Scout national (“75 rop”)
144.700 MHz FM lokal Spill1 (e.g. fir Nuetsspill mat Handfunkgeräter oder fix Statioune mat klenger Leeschtung)
144.725 MHz FM lokal Spill2 (e.g. fir Nuetsspill mat Handfunkgeräter oder fix Statioune mat klenger Leeschtung)
144.750 MHz FM lokal Spill3 (e.g. fir Nuetsspill mat Handfunkgeräter oder fix Statioune mat klenger Leeschtung)
144.775 MHz FM lokal Spill4 (e.g. fir Nuetsspill mat Handfunkgeräter oder fix Statioune mat klenger Leeschtung)
144.500 MHz SSTV Call/Uruff

Et sieff och drop higewisen, dass eisen Aarbechtsgrupp 2 komplett 2m Statiounen (145 MHz Mobil-Transceiver mat Alimentatioun, Koaxkabel, Vertikal-Antenn) zur Verfügung stelle kann.

Als Funkamateur sidd dir fir de Rëscht fräi mat ären Gruppen dat ze maachen wat dir hinne gäre wëllt weisen. Niewend normaler Phonie ass natierlech alles méiglech, ob SSTV, CW, RTTY, PSK31, ARDF, ATV, Sat …

Hei nach déi international Guiden & Scouts Phonie Ruffrequenzen:

80 m 3.690 & 3.940 MHz
40 m 7.090 & 7.190 MHz
20 m 14.290 MHz
17 m 18.140 MHz
15 m 21.360 MHz
12 m  24.960 MHz
 10 m  28.390 MHz
 6m 50.160 MHz

Den Aarbechtsgrupp kann intresséierte Gruppen och QSL-Kaarten zur Verfügung stellen. Eis Kaarten hunn op der Recto-Säit eng relativ grouss wäiss Fläch, déi d’Kanner op der Hand kenne personaliséieren. Op der Récksäit kann een déi normal Informatiounen zu engem QSO ausfëllen. Kontaktéiert eis einfach, wann dir sou Kaarte braucht.

 

JOTI

 

Hei e puer Aktivitéiten fir um JOTI kënnen ze maachen.

IRC (Chat)

Wéi all Joer kënnt dir Iech ob de Scoutlink Server verbannen fir mat anere Guiden a Scouten ze chatten.
Den Serverhost ass chat.scoutlink.net

Hei fannt dir eng flott Beschreiwung wéi der äre Programm kënnt ariichten: http://www.scoutlink.net/guides/irc/. Et gëtt mëttlerweil souguer eng Android App fir de Smartphone oder d’Tablett, déi direkt fäerdeg configuréiert fir Scoutlink ass!

Dëst Joer gëtt et och den neien Channel:    #luxembourgish

Teamspeak

Während dem JOTI kënnt dir och mat Guiden a Scouten schwätzen, dëst iwwert den Teamspeak Server vu Scoutlink. Och hei fannt der méi Informatiounen ob hirem Site: http://www.scoutlink.net/teamspeak/

JOTI.tv / JOTICafé

Eng Équipe vun engem hollänneschen Guiden & Scoutsgrupp huet eng Plattform opgebaut fir och per Webcam mateneen ze schwätzen. Weider Informatiounen op http://www.joti.tv/. De Virdeel hei ass dass dir kee Programm installéiere musst, et leeft alles am Browser.

Minecraft

Während dem JOTI gëtt et e Server deen vu Scoutlink organiséiert ass a wou Guiden a Scouten kënnen zesummen hier Welt opbauen. Méi Informatiounen op http://www.scoutlink.net/minecraft/about/

 

Allgemeng JOTA a JOTI zu Lëtzebuerg

 
Warscheinlech organiséiere mir och rëm dest Joer ee JOTA-JOTI Spill zu Lëtzebuerg. Informatiounen dozou kréien all Gruppen déi sech ugemellt hunn am Viraus per Mail gescheckt. Denk dofir drunn dech fir de JOTA virun der Deadline unzemellen, dass mir kennen d’Lizenzen ufroen. Prinzipiell muss du dech fir de JOTI net bei eis umellen, mee wanns de beim Spill wëlls matmaachen, wier et natierlech scho gutt, wanns de dat och hei op eiser Homepage géifs maachen.
Zousätzlech ass et och recommandéiert souwuel fir de JOTA wéi och fir de JOTI dech beim Weltbüro unzemellen, do kriss du nämlech zum Beispill dann nom JOTA-JOTI däi personnaliséierte Badge.