Neiegkeeten

Bastelkit & Badge 2017

Dëst Joer bidde mir Iech eng Sammelbestellung fir d’Badger an fir ee Bastelkit un. Hei elo méi Informatiounen.

[UPDATE] – De Kit an de Badge ass ab elo bis zum 8. Oktober bestellbar!

Bestellen kennt der héi: Bestellung

Bastelkit (4.8€)

Morse-Tast: En erweiderbare Kit fir ze morsen.

Hei méi Informatiounen: Link

Badger (1.2€)

Wei all Joers gëtt et och dëst Joer een internationale Badge fir de JOTA-JOTI 2017.

Umeldung JOTA-JOTI 2017

Ab elo kennt dir Iech fir de JOTA-JOTI 2017 umellen. D’Umeldung geet bis den 8. Oktober 2017! De Formulaire fannt dir ënnert http://www.jotajoti.lu/umeldung.

Falls dir um JOTA wëllt matmaachen mee nach kee Funkamateur hutt kennt der Iech trotzdem schonn umellen.Kontaktéiert eis awer w.e.g nach eng kéier per E-Mail fir dass mer zesummen kennen no engem kucken.

Lenks Patt, 73,

SIL Aarbechtsgrupp Alexander Graham Bell

Bastelkit & Badge 2016 [UPDATE]

Dëst Joer bidde mir Iech eng Sammelbestellung fir d’Badger an fir ee Bastelkit un. Hei elo méi Informatiounen.

[UPDATE] – De Kit an de Badge ass ab elo bis zum 26. September bestellbar!

Bestellen kennt der héi: Bestellung

Bastelkit (6.5€)

Soundpen: Een Bläistëft deen Téin mécht. Mat ee bëssen Übung kanns du souguer einfach Melodien dermat spillen.

soundpen

Hei méi Informatiounen: Link

Badger (1.2€)

Wei all Joers gëtt et och dëst Joer een internationale Badge fir de JOTA-JOTI 2016.

badge

Hei méi Informatiounen: Link

Newsletter 2016/1

Léif Guiden, Scouten, an Amateurfunker,

Geschwënn ass d’Rentrée vum nächsten Guiden- a Scoutsjoer an den Jota-Joti steet virun der Dier. Och dës Kéier waren mir fläisseg an eisen Preparatiounen fir dësen Event, mir hunn eis e puer Saachen afalen gelooss fir datt et en onvergiesslechen Weekend gëtt.

Elo sidd dir awer fir d’éischt gefrot, an zwar geet et em d’Umellung. Ab dem 1. September 2016 kennt dir iech iwwert eis Homepage www.jotajoti.lu umellen. Umelleschluss ass den 03. Oktober 2016, dëst well mir d’Funkerlizenzen ufroen mussen an do en Délai ze respektéieren ass.

An enger nächster Newsletter kommen nach folgend Informatiounen:

  • Eisen elektroneschen Kit 2016
  • JotaJoti Badge 2016
  • Dëst Joer ass nei, dass dir gratis QSL Kaarten vun eis kritt
  • JotaJotiSpill 2016

Bis dohin

Lénks Patt an Bescht ‘73

[UPDATE] Radio Scouting – Informatiounsversammlung

[UPDATE]

Leider musse mer op Grond vum Interessi (et huet sech bis elo just 1 Persoun ugemellt) eis Radio Scouting Informatiounsversammlung déi dëse Freideg sollt sinn ofsoen.
Mir kucke je no Feedback vun iech fir eng nei Versammlung an denen nächste Méint ze organiséieren.
Mir hoffen dass mer bei eiser nächster Aktivitéit méi Réckmeldungen hunn well et jo awer em eist gemeinsamt Ziel geet, de Guiden a Scouten eppes fir d’Liewen mat ze ginn an hinnen mat enger Diversitéit u Programm et ze erméiglechen hiren Wee ze fannen an och ze goen.

—–

Als Ekipp déi awer och während dem Joer Aktivitéiten ronderëm Funk, Kommunikatioun an Technik well de Gruppe méi no bréngen, wëlle mir Iech Alleguerten – ob der um JOTA-JOTI Weekend derbäi waart oder net – de Freideg 20. November 2015 um 8 Auer Owes ob eng Radio Scouting Informatiounsversammlung invitéieren.

Dës Versammlung soll derzou dengen

  • een éischte Feedback vum JOTA-JOTI Weekend ze sammelen,
  • deene Gruppen déi nach net derbäi waren eng Impressioun ginn wei dat ofleeft,
  • de Guiden & Scoutsgruppen Aktivitéiten weisen déi een och während dem Joer kann zu dësem Thema maachen a waat een derfir brauch,
  • de Kontakt zoueneen opbauen an och während dem Joer halen, genausou wei de Kontakt tëschent Funkamateuren an Guiden & Scouten verdéiwen respektiv fir Gruppen déi nach keen Funkamateur hunn eventuell kennen opbauen.

Treffpunkt wär also den 20. November um 20:00 beim FNEL Home um Fetschenhaff (61A, rue de Trèves L-2630 Luxembourg).

Gidd w.e.g dëse Message un är aner Cheffen respektiv Funkamateur-Frënn weider fir dass mir eng flott Ronn zesummen kréien an eis kennen austauschen.
Et wier flott wann vun all de Gruppen déi um JOTA-JOTI derbäi waren e Funkamateur an e Chef dowieren.

Fir dass mer besser kenne plangen géife mer eis frëen wann dir Iech géift bis zum 15. November umellen:
http://www.jotajoti.lu/umeldung-radio-scouting-versammlung-20-november

QST Emissiounen Replay

Dir kennt ab elo de Replay vun de JOTA-JOTI QST Emissiounen vun 2014 an 2015 ënnert dem Menüpunkt Archiv nokucken. Vill Spaass!

Informatiounen 13. Oktober [UPDATE]

Hei nach ee puer Informatiounen

  • Dëst Joer fannt dir um Guiden & Scouts Teamspeak-Server och een lëtzebuergeschen Channel! Kommt also zahlreich laanscht. Méi Informatiounen zu Teamspeak fannt dir hei: Link
  • Fir eisen nationalen Akzent vum JOTA-JOTI braucht dir ee Programm fir d’Biller ze senden an ze empfänken. Mir roden Iech den MMSSTV un. Dir kennt een hei eroflueden: Link. Eng Gebrauchsanweisung derfir fannt dir hei: Link
  • Falls dir während dem JOTA-JOTI Weekend eng Fro huet oder ee Problem mam Spill, krut dir alleguerten eng Telefonsnummer vun eis bei den Erklärungen derbäi. Mellt Iech do falls eppes wier.
  • D’Badger an d’Kit’en sinn ukomm. Mir mellen eis bei Iech.
  • [UPDATE]: D’Ruffzeechen sinn accordéiert, dir kritt nach eng E-Mail mat dem Accord.

QST Emissioun

Dëst Joer ass d’QST Emissioun Samschdes um 15:00 an wärt um LX0HI (145.725 MHz) & LX0LU (145.700) iwwerdroe ginn. Ausserdeem wäerte mer och erëm ob eiser Homepage ee Livestream hunn.

Schweierpunkt JOTA-JOTI 2015

Dëst Joer wëlle mer fir déi éischte Kéier eng bestëmmte Kommunikatiounsmethod ervirhiewen. An zwar ass et fir de JOTA 2015 den SSTV.

SSTV steht fir Slow Scan TeleVision an ass eng Method fir Fotoen iwwert Funk ze verschécken. Dëst ass eng analog Betriebsaart an d’Bild dat verschéckt gëtt, gëtt Zeil fir Zeil ofgetaascht an verschéckt.

An esou klengt et:

(Quell: Wikipedia)

Wat heescht dat elo fir Iech?

Dir braucht also eng Statioun déi SSTV kann empfänken an verschécken. D’JOTA-JOTI Spill 2015 wärt och ob des Method opgebaut sinn. Sidd also bereet fir SSTV ob HF an VHF ze senden an ze empfänken.

Zeckt net fir eis ze schreiwen falls nach Froen opstinn!