D’QST-Emissioun ass di offiziell Eröffnung vum Jota / Joti hei zu Lëtzebuerg, och wann de Jota / Joti weltwäit schonn Freides Owes ëm 24.oo Auer Lokalzäit ufänkt.
Dëst Joer ass se Samsdes den 20. Oktober a fänkt em 15.oo Auer Lokalzäit un.
Empfänken kann een se iwwert Funk op 2 Meter, an zwar um Relais LX0HI op 145,725 MHz an och um Relais LX0LU op 145,700 MHz.
Gläichzäiteg kann een en Live-Videostream vun der QST-Emissioun hei op www.jotajoti.lu verfollegen.
Hei ginn och di leschten Detailer zum Jota-Spill an soss Aktuelles erkläert an zum Schluss kann all Grupp sech era mellen.
Rezent Commentairen