VarAC

Wat ass VarAC?

VarAC ass eng GRATIS, modern HF P2P Echtzäit Chatt- an Noutkommunikatiouns (EmComm) Applikatioun fir Amateur Radio Funker, déi de VARA Protokoll benotzen.

an

VarAC gëtt vu méi wéi 60.000 Amateurradio-Funker an iwwer 100 Länner benotzt.

VarAC. HF/FM/SAT
Digital Chat Reinvented

Elo gëtt et och eng nei Versioun mat där een „online“ iwer Funk Spiller maache kann.

„Wou mir fir d’éischt VarAC lancéiert hunn, war eist Zil de Leit ze hëllefen fir richteg QSO’en (Gespréicher) ze maachen an se méi zesummen ze bréngen. Gespréicher sinn ee Wee fir ze verbannen, awer mir wollten en aneren, méi lëschtegen Wee ubidden fir Verbindungen ze maachen.“

📢 Aféierung: VarAC HamPlay Spillzentrum

Fir déi éischte Kéier iwwerhaapt, kënnt Dir Äre QSO Partner invitéieren fir e Spill ze spillen.

Mir startenmat zwee Pilotspiller, méi wäerten nokommen:

  • Tic Tac Toe
  • Verbann Véier

Soubal Dir Iech mat engem verbonnen hutt a vun der Urufffrequenz erof geréckelt sidd, kënnt Dir ärem QSO Partner eng HamPlay Invitatioun schécken. Hien kann da wielen ze akzeptéieren oder ze refuséieren, a wann et ugeholl gëtt, fänkt de Spaass un!

VarAC féiert Iech duerch d’Spill, komplett mat Echtzäitupdates a coolen Soundeffekter.

Bleift drunn – méi Spiller sinn ënnerwee!

All d’Detailer op englesch an och den Installatiounsprogramm fënnt een hei.

Wann een elo nach méi detailléiert Gebrauchsanweisunge brauch, da kuck hei.

et gëtt och e ganz detailléierte Video mat allen Erklärungen (klick op d’Bild)

Populär Uruff-Frequenzen

  • 20m – 14.105 MHz 
  • 15m – 21.105 MHz
  • 10m – 28.105 MHz
  • 40m – 7.105 MHz
  • 80m – 3.595 MHz
  • 2m – 144.950Mhz (FM)
  • 70cm – 439.600Mhz (FM)

Zousätzlech Uruff-Frequenzen

  • 160m – 1.995 MHz
  • 60m – 5.355 MHz (non-US)
  • 30m – 10.133 MHz
  • 17m – 18.107 MHz
  • 12m – 24.927 MHz
  • 6m – 50.330 MHz