Digital Moden

Digi Moden ginn genau sou wéi Funk benotzt fir mat Leit ronderëm d’ganz Welt ze kommunizéieren. Well hei den Funk mat engem Computer verbonnen ass, brauch een net mat de Leit ze schwätzen, mee et kann een Text, Dateien oder Fotoen schécken an empfänken. Alles gétt iwwert Funk an net iwwert Internet geschéckt.

APRS

GPS kennt mëttlerweil all Scout. Mee waat ass APRS? Automatic Packet Reporting System – APRS ass eng Variant vum Funken. En Apparat mellt regelméisseg mat Hëllef vun engem GPS iwwert Funk seng aktuell Positioun. Dës kann een sech dann op enger Kaart uweisen loossen. Mat där Methode kann een dann eng Rei vun Spiller maachen, wie z.B. eng Juegd, Schatzsuche, …

Speziellen APRS Setup fir JOTA Statiounen

JOTA Statiounen kënnen folgend Astellung benotzen:

JOTA,LUX3-3 oder JOTA,WIDE3-3 op 144.800 MHz

JOTA,WIDE1-1,LUX2-2 oder JOTA,WIDE1-1,WIDE2-2 op 432.500 MHz.

RTTY

RadioTeleTYpe – ass eng Methode fir Texter iwwert Funk ze verschécken.

Mat Hëllef vun engem speziellen Programm um Computer gëtt den Text deen een schreift an Funksignaler ëmgewandelt, dëi dann iwwert d’Antenn un en Empfänger geschéckt gin. Hei gëtt dann erëm mat engem Computer aus engem Funksignal een Text gemaach.

PSK

Phase Shift Keying – ass eng Methode fir Texter iwwert Funk ze verschécken.

Mat engem spezielle Programm um Computer gëtt den Text deen een schreift a Funksignaler ëmgewandelt, déi dann iwwert d’Antenn un en Empfänger geschéckt ginn. Hei gëtt dann erëm mat engem Computer aus engem Funksignal een Text gemaach.

Packet Radio

Packet Radio – ass eng Methode fir Texter iwwert Funk ze verschécken.

Mat engem spezielle Programm um Computer gëtt den Text deen een schreift zu klengen Päckelcher ënnerdeelt (255Byte) an dann an Funksignaler ëmgewandelt, déi iwwert d’Antenn un en Empfänger geschéckt ginn. Hei ginn dann erëm mat engem Computer aus engem Funksignal Päckelcher gemaacht an zu engem Text verschafft.

Hei kënnen Amateurfunker och eng Art E-mail verschécken an empfänken.

WSJT / JT65

Weak Signal communications – ass eng Methode fir Noriichten oder Informatiounen iwwert Funk ze verschécken.

Mat engem spezielle Programm um Computer gëtt den Text deen een schreift an Funksignaler ëmgewandelt, déi iwwert d’Antenn un en Empfänger geschéckt ginn. Hei get dann erëm mat engem Computer aus engem Funksignal een Text gemaach.

Dëst gëtt speziell benotzt fir kleng Statiounen, déi mat klenger Leeschtung(wéineg Energie) funken, oder wann d’Signal ganz schwach ass respektiv schlecht ze verstoen.

Et empfänkt een während enger Minutt eng Noriicht, an während der nächster Minutt huet een Zäit ze äntweren. Sou wiesselt dat sech ëmmer of.

Wiederfax

Weather Fax – ass eng Methode fir Biller vun Wiedersatellitten ze empfänken.

Mat engem speziellen Programm um Computer gëtt aus Téin déi een empfänkt een Bild vun der aktueller Wiedersituatioun opgebaut. Ähnlech wéi d’Fotoen beim SSTV.

Software an Hëllef