Mir sinn eng Équipe vun Amateurfunker respektiv Kommunikatiounsinteresséiert Persounen déi sech strukturéiert hunn als Aarbechtsgrupp “Alexander Graham Bell” ënnert dem Daachverband “Scouting in Luxembourg” (SiL).

D’Zil vum Aarbechtsgrupp ass et Aktivitéiten am Beräich vun der Kommunikatioun, (sief dat mat Hëllef vum Funk oder dem Internet), ze organiséieren. Konkret sinn dëst Workshops, Participatiounen u Formatiounen, Weekender oder Campen sou wéi all aner Aktivitéit, wou et dorëms geet, de Guiden a Scouten Funk- an aner Informatiounstechniken méi no ze bréngen, oder iwwert dës Methoden de Kontakt tëschent Guiden a Scouten hierzestellen, ze förderen oder iwwerhaapt ze erméiglechen. Donieft steet dësen Aarbechtsgrupp mat sengem Wëssen allen Scoutsgruppen an Verbandséquipen zur Säit.
Eis Équipe
Alex Kinsch – LX1K
Carlo Graas
Christophe Anthon – LX1C
Dan Jungels – LX1JU
Gilles Risch – LX3GR ( Coordinateur vum Aarbechtsgrupp )
Guy Kruchten – LX1KT
Neckel Reuland – LX1NR (NJC / WOSM)
Sascha Wolsfeld