Wat ass de Jota-Joti
De JOTA-JOTI ass e Weekend deen all Joers vum Weltverband vun de Scouten (WOSM) organiséiert gëtt an dëst ass eng eemoleg Geleeënheet fir mat ronn 1,2 Millionen anere Guiden & Scouten aus iwer 170 Länner ronderëm d’Welt a Kontakt ze kommen.
Wéini ass de Jota-Joti

De JOTA-JOTI Weekend ass all Joërs den 3. vollen Weekend am Oktober.
Wann den Oktober also mat engem Sonndeg ufängt dann ass et de 4. Weekend.
15. – 17. Oktober 2021
Et ass dann den 64. JOTA an den 25. JOTI
Nationalt Spill
Mir organiséieren all Joer ee JOTA-JOTI Spill zu Lëtzebuerg. Hei kann een dat vun 2020 erof lueden.
Et ass recommandéiert souwuel fir de JOTA wéi och fir de JOTI dech beim Weltbüro unzemellen, do kriss du nämlech vill zousätzlech Informatiounen an och nach no dem JOTA-JOTI däin personnaliséierten Diplom.
QSL-Karten
Den Aarbechtsgrupp kann intresséierte Gruppen och QSL-Karten zur Verfügung stellen. Dat sinn d’Empfansbetätigungskarten am Postkarteformat. Eis Karten hunn op der Recto-Säit eng relativ grouss wäiss Fläch, déi d’Kanner op der Hand kënne personaliséieren. Op der Récksäit kann een déi normal Informatiounen zu engem QSO ausfëllen. Kontaktéiert eis einfach, wann dir esou Kaarte braucht.
Wéi fanne mir een Funkamateur?
Mir sinn a Kontakt mat enger Rei vun Funkamateuren an och mat den Funkamateurorganisatiounen.
Dir kënnt eis einfach uschreiwen wann dir op der Sich sidd a mir hëllefen da weider.
Selwer siche kënnt dir natierlech och bei dësem Funker-Veräin
Charte de bonne conduite vis à vis vum Funkamateur
De Funkamateur ass kee Scout, mir erklären him wéi alles bei äis leeft a ginn him de Programm vum Week-End.
De Funkamateur ass net zoustänneg fir d’Ausféierung vum Programm vum Weekend.
Mir suergen fir d’Disziplin an Uerdnung bei der Funkstatioun.
De Funkamateur stellt ons deiert Material zur Verfügung, dëst musse mir mat deem néidegen Respekt behandelen.
Mir paken eng Hand mat un bei der Installatioun an och duerno beim Apaken vum Funkéquipement an den Antennen.
Mir verwinnen den Funkamateur mat Iessen a Gedrénks, a stellen e proppert an agréabelt Lokal zur Verfügung.
Mir maachen him e klenge Kaddo bei der Chaine des Adieux.
Modell Programm fir ee JOTA-JOTI Weekend
Hei kann ee sech mol ee Modell-Programm fir de Weekend ukucken an eroflueden. Et kann een awer do och nach speziell Saache wéi eng Fuussejuegd, ATV, APRS, Bechsentelefon, etc, jee no Alterskategorie abauen. Wann dir méi Informatiounen oder Äntwerten op konkret Froen zu verschiddenen Aktivitéite braucht, zéckt net eis ze kontaktéieren.
Samschdes
14.00 Auer Arrivée & Installatioun
14.30 Auer carré mat instructiounen, Equipen opstellen, Posten erklären, Visite des lieux
15.00 Auer QST Emissioun, offiziell JOTA Ouverture zu Lëtzebuerg
16.00 Auer Roulement posten
Kuerzwellestatioun (weltwäit), UKW-Statioun (lokal / national), Kuerzwelle lauschteren, Feldtelefon, Béchsentelefon Morsetraining, Info JOTA & Modus operandi’s, QSL Kaarten & QTH locator & indicatifs, mat 1 Meter Drot eng fiktiv Antenn bastelen
17.30 Auer Nuetsiessen
18.15 Auer Concours: déi schéinsten Drotantenn
18.45 Auer Preparatioun Nuetsspill
19.00 Auer Nuetsspill ( mat Handy’en, respektiv PMR-Handfunken)
Gangsterjuegt, Marsmännercher empfänken, chasse au trésor
21.00 Auer Retour a waarme Choki
21.15 Auer 2m & Kuerzwellen-Statiounen funken oder nëmme lauschteren
23.30 Auer taps
Sonndes
07.30 Auer lever, laver
08.00 Auer Kaffi & Kuch
09.00 Auer jeu de ville ( Trajet Piste)
mat rätselhaften, verschlësselten an onbekannten Informatiounen dee nächste Punkt vum Trajet beschreiwen wou dann déi nei Enveloppe mat den nächsten Informatiounen läit! Eventuell kann eng Équipe um Posten mat Handy an Lexikon, etc. weiderhëllefen
11.30 Auer Kachen
12.15 Auer Iessen
13.30 Auer Funken, QSL Kaarten ausfëllen, Kontakter op Welt Kaart markéieren, nationaalt JOTA Spill opléisen a Rapport schreiwen
15.00 Auer Apaken, Raumen a Botzen
16.00 Auer chaîne des adieux

D’Badger 2020 sinn am Weltscoutshop ukomm. Wann een intresséiert ass muss en se awer selwer bestellen. De Büro huet och eng facebook-Säit.
