Och dëst Joer bidden di national JOTA-JOTI Teams aus Däitschland, Schwäiz a Lëtzebuerg erëm e grenziwwerschreident Spill un, op Däitsch an op Franséich.
Et ass eng JOTA-JOTI Variante vum Geodetective Spill.
Du solls hei d’Standuerter vun de Fotoen vun deenen anere Scoutsgruppen erausfannen. Hei kanns de däi Wëssen iwwer Geographie a Scoutstechniken testen. Benotz den Internet an däi logescht Denken fir d’Léisung ze fannen.
D’Spill fängt eigentlech eréicht um JOTA-Weekend un, du kanns dech awer elo schonn umellen a Fotoen era schécken.

GeoDetective Spielregeln
Die Regeln für das GeoDetective Spiel sind einfach: Finde den Standort des Bildes und gib deinen Tipp ab!
- Das Spiel beginnt zum JOTA-JOTI am 16. Oktober 2026 um 21:00 Uhr und endet am Sonntag um 13:00 Uhr. Von 23:00 Uhr bis 09:00 Uhr herrscht Nachtruhe, es ist keine Tippabgabe möglich. Alle 2 Stunden werden 2 neue Bilder freigeschaltet. Jeder Spieler kann pro Bild nur einen Tipp abgeben. Dieser kann so lange geändert werden, bis die aktuelle Spielrunde endet und neue Bilder freigeschaltet werden. Nach Ablauf der Deadline wird die Lösung und die Highscoreliste für dieses Bild veröffentlicht.
- Es gewinnt der Spieler, der mit seinem Tipp am nächsten am tatsächlichen Aufnahmeort liegt. Bei richtig geratenem JID-Code gibt es einen Extrapunkt! Unter der Highscorliste können Spieler Kommentare zum Bild und den Lösungen hinterlassen.
- Die Kommentare werden von Moderatoren geprüft und freigegeben.
Hei um Discord-Server kanns de nach mat aanere Scoutsgruppen chatten oder Informatiounen wéi zum Beispill JID’s austauschen.
et gëtt hei e Sprooch-Chat op Däitsch an op Franséich
Zousätzlech flott Spillideeën fënnt een och nach hei: https://jota-joti.pbs.ch/de/ideenkiste/
an och nach hei: https://biggestscoutevent.com
hei ginn et och nach ganz vill däitschsprocheg Informatiounen: https://jota-joti.online/de/JOTAJOTI2026
(2021) Eist JOTA / JOTI – Spill kann een hei zu Lëtzebuerg sou wéi och am europäeschen däitschsprochegen an am franséichsprochege Raum spillen.
Hei kann een sech d’Spill an deene verschiddene Sproochen eroflueden:
Fir zousätzlech Spillfelder erof ze lueden, klick hei!
Fir mat auslännesche Scoutsgruppen ze schwätzen,kanns de den Iwersetzer benotzen, falls de hir Sprooch net kanns.
Als Upgrade zu dësem Spill kann een dat och mat Hëllef vu Morse-Messagen oder mat Semaphore-Fändele maachen.
————————————————————————————————-
JOTA Aktivitéit: Gëff e klore Message.
Zil: Verbessert d’Kommunikatioun vun dengem Team
Material: Radio, Pabeier a Bläistëft.
Looss d’Patroulle en zoufälleg Muster zeechnen.
Probéiert de Funk ze benotzen fir dat selwecht Muster un déi aner Patrull ze vermëttelen.
Fir déi méi jonk Gruppen ass eng gutt Iddi fir Milimeter-pabeier ze benotzen.
Nach besser ass et mat verschidde Faarwen ze schaffen.
Wa méi Gruppe mateneen oder gläichzäiteg spillen, probéier och CTCSS ze benotzen. Dëst erlaabt Iech auszewielen wéi ee Radio de Message ka kréien. (Frot Äre Radioamateur wéi CTCSS, de Continuous Tone Coded Squelch System, funktionéiert)
Virbereedungszäit: 15 Minutten
Spillzäit: 20 bis 30 Minutten (et soll awer net ze laang daueren soss gëtt et langweileg)
Als Alternative kann een och Baukasten-Stäng (Lego….) huelen an iergend eng Form bauen an dës dann un di aner Patrull iwwermëttelen. Duerno vergläicht een d’Original mat den Nobau. Wann een net op dem selwechte Site ass kann een matt SSTV oder enger e-Mail d’Fotoen vun de Konstruktiounen austauschen.





