Semaphore

Programmméiglechkeet fir Wëllefcher

Dat griichescht Wuert „Semaphore“ heescht Zeechenhalter. Et gëtt och nach Fändel oder Wénkelalphabet genannt. De Fransous Claude Chappe huet et 1791 erfonnt fir Noriichten schnell iwwer gréisser Distanzen ze iwwerdroen.

Fréier waren dat Tierm déi op Koppe stoungen mat groussen Zeigeren déi een a verschidde Positioune stelle konnt. Esou gouf  schonn 1792 a ganz Frankräich mat Hëllef vun 556 Statiounen e schnellt Kommunikatiounsnetzwierk opgebaut.

Dat selwecht kënne mir och mat eisen Äerm maachen. Fir all Aarm ginn et aacht Positiounen déi dann vu Buschtaf zu Buschtaf al Kéier an engem Aachtel Krees weidergedréint ginn.

Wichteg ass dat een ëmmer e gudde Kontrast zum Hannergrond huet. Mat Hëllef vu Fändelen kann een d’Iwerdroungsdistanz enorm vergréisseren. D’Fändelen sollen véiereckeg sinn, si sollen awer Zweefaarweg sinn oder e faarwegen Bord hunn an si sollen och nët ze kleng sinn.

All Positioun soll een 5 Sekonne laang anhalen an dobäi net wackelen. Duerno gëtt da schnell di nächst Positioun gewisen. Wann e Wuert fäerdeg ass soll een di zwee Fändelen viru sech no ënnen halen. Den Empfänger bestätegt all Wuert mat engem „C“. Wann een e Feeler gemeet huet schéckt een 8 „E“en a widderhëlt dat lescht Wuert. Mat „AR“ ass d’Iwwerdroung fäerdeg an den Empfänger seet mat engem „R“ dat alles ukomm ass.

An der Tabell gesäit een elo d’Symboler esou wéi mer se geschéckt kréien. Wa mir eppes verschécken,da musse mir dat dann selbstverständlech spigelverkéiert maachen. E gudden Trick fir eis d’Saach einfach ze maachen, mer dréien eisem Korrespondent de Réck zou an halen d’Fändelen hannert eis. Da brauche mir net spigelverkéiert ze denken.

D’Prinzip berout um selwechte System wéi d‘Zeigeren vun enger Auer. De rietsen Aarm dréit wéi de Minutenzeiger fir all Buschtaf en Aachtel Tur weider, no all ganzer Ëmdréinung geet den lénksen Aarm sou wéi de Stonnenzeiger em eng Aachtel Positioun virun. Esou kënnt een 64 verschidden Zeechen duerstellen. D’Buschtawen sinn awer net an der Alphabetescher Reiefolleg.

Hei e Link fir sech d’Alphabet erauszedrécken:

https://upload.wikimedia.org/wikipedia/commons/0/0a/Semaphore_Signals_A-Z.jpg