DMR

Den digitalen DMR-Funkmodus ass eng flott an einfach Saach, virausgesaat et wees een wéi et geet. (wéi ëmmer…)

Dofir hei e puer Erklärungen.

DMR (Digital Mobile Radio) ass ee vun den neien digitale Standarden deen och vun de Funkamateure fir hier Communicatioun gebraucht gëtt. Déi 2 aner Digital Sproch-Systemer déi an Europa soss nach gréisstendeels benotzt gi sinn D-Star an C4FM. Et gëtt mëttlerweil zu Lëtzebuerg och schonn d’Méiglechkeet fir eng Partie D-Star Relaisen an DMR Relaisen sou ze benotzen, dass ee QSOen onofhängeg vun der Technologie maache kann, sou kann also eng Persoun mat engem D-Star Funkgerät iwwer een D-Star Relais och mat enger Persoun mat engem DMR Funkgerät iwwer een DMR Relais ee QSO féieren.

Fir de JOTA wäerte mer eis awer hei lo e bësse méi op den DMR konzentréieren, well et heimat ënner anerem méiglech ass fir weltwäit mat anere Scouten ze kommunizéieren, déi och een DMR Funkgerät hunn, andeems se entweder een DMR Hotspot, oder een DMR Relais, deen um Brandmeister Réseau hänkt, benotzen.

Waat brauch ech alles:

  • virun allem en DMR Funkgerät, Mobil-oder Handfunkgerät, kritt een nei schonn ab 100€.
  • en PC mat der derzou gehéirender Software fir d’Funkgerät ze programméieren (Freeware).
  • Verbindung zu engem DMR-Relais, de Funkamateur weess wou déi stinn.
  • Besser geet et mat engem Hotspot, do muss een dann awer eng Internetverbindung hunn.
  • E bëssen Talent a Gedold oder e gudde Kolleg deen engem bei den éischte Schrëtt zur Säit steet…

De Virdeel vun engem Hotspot (Interface tëschend Funk an Internet) par rapport zum Relaisbetrieb ass, dass een sech den Accès net mat aaneren Benotzer deele muss. Präislech interessant sinn d’MMDVM Platinnen, déi een schonn ab 50€ bei groussen Internethandelsplattforme kritt, da brauch een nach e Raspberry mat der Pi-Star Software, déi ass awer gratis.

Ouni d’Hëllef vun engem Funkamateur geet awer näischt, et brauch een egal wéi mol eng DMR-ID, déi muss an d’Funkgerät programméiert ginn, fir den Hotspot brauch een e Passwuert, daat alles kritt een awer nëmmen wann een noweise kann dass een eng Funklizenz huet.

Innerhalb vum Brandmeister Réseau gëtt et sougenannten TalkGroups. Dat ass e bësse vergläichbar mat engem Chatroom am IRC, dat heescht just wann een un engem gewëssenen TalkGroup intresséiert ass, kann ee säi Funkgerät sou programméieren, dass een héiert wat an deem TalkGroup geschwat gëtt. Et ginn och fir de JOTA speziell TalkGroups, wou normalerweis da just Scouten dra kommunizéieren, op déi Methode ass et da vill méi einfach fir eben geziilt mat anere Scouten ze schwätzen. Den TG907 am Brandmeister Netz ass zum Beispill fir JOTA weltwäit, do gëtt also gréisstendeels d’englesch Sprooch benotzt. Fir franséischsproocheg JOTA Verbindungen gëtt den TG90737 benotzt. Dës TalkGroups mussen am Viraus an den Hotspots an och an den DMR Funkgeräter aprogramméiert ginn. Falls een net mat engem Hotspot schafft, mee op UHF direkt iwwer ee vernetzten Relais wëll QSO’en maachen, soll een den Timeslot (TS) 2 benotzen, fir dann dee gewënschtenen TalkGroup dynamesch ze linken. Fir déi benotzbar Relaisen ze fannen, kann een op https://brandmeister.network/?page=repeaters goen, an do “LX0” an de Filter antippen. Leit, déi een Hotspot benotzen, sollten deen am Viraus eventuell statesch op déi gewënschten TalkGroups linken.

Wéi schonn ufanks erwähnt, dat Ganzt ass relativ komplizéiert wann een nach ni domadder ze dinn hat. Motivéiert ären Funker einfach do mat ze maachen, a wa Problemer bestinn, soll hien eis kontaktéieren. Mir hëllefen da virun.

Wann et bis geet ass et eng einfach a flott Saach, virun allem ouni groussen Opwand.

Hei ass en PDF mat Erklärungen wéi DMR fonktionnéiert.


https://brandmeister.network/?page=talkgroups

Hei eng oplëschtung vun deene wichtegsten JOTA Talkgroups, déi soll den Funkamateur am Viraus aprogramméieren.

Et ginn 9 offiziell JOTA TG’s

– TG 907 (JOTA Uruff TG)

duerno esou schnell wéi méiglech op eng vun de folgenden TG’s wiesselen:

– TG 9071 bis TG 9078

also 8 JOTA TG’en, op déi ee wiesselen soll, soubal een e Kontakt op der TG907 gemeet huet fir dës dann erëm fir aner Gruppen fräi ze ginn

TG 9071 – Nord-Amerika und Karibik

TG 9072 – Süd-Amerika

TG 9073 – Europa #1

TG 9074 – Europa #2 und Russland

TG 9075 – Südwestliches Asien und Nordafrika

TG 9076 – Afrika (ohne Nordafrika)

TG 9077 – Südliches und Südöstliches Asien

TG 9078 – Australien, Neuseeland und pazifischer Raum.

Et bestinn scho verschidden zousätzlech Sprooch TG’s

– TG 90710 = JOTA German Language *)

– TG 90713 = JOTA English Language

– TG 90714 = JOTA Spanish Language **)

– TG 90715 = JOTA Portuguese Lang.

– TG 90737 = JOTA French Language ***)

– TG 90740 = JOTA Arab Language

   *) gett schonn regelmässeg vu Scouten aus däitschsprochegen Länner während dem ganze Joer benotzt, haaptsächlech all 4. Donneschden am Mount, ëm 20:30 Lokalzäit

   **) gett sporadisch während dem Joer vun spueneschen Scoute benotzt

   ***) gett regelmässeg vu Scouten aus verschidden franséichsproochegen Länner während dem ganze Joer benotzt, haptsächlech all 3. Donneschden am Mount, ëm 20:30 Lokalzäit

International Landesspezifesch TG’s

dës TG’s ginn awer vun alle Funker benotzt, hei trëfft een net onbedingt JOTA-Statiounen un

– TG 910 = German (sowie D-A-CH: 920)

– TG 913 = English

– TG 914 = Spanish

– TG 915 = Portugese

– TG 922 = Dutch

– TG 927 = Nordic

– TG 937 = Francophone

– TG 940 = Arabic

All d’Radio Scouts sou wéi all d’Funker, déi e Grupp beim JOTA ënnerstëtzen sollen de Codeplug vun hirem DMR-Funkgerät aktualiséieren a virum JOTA testen.

Test an der Woch virum JOTA

Op Ufro kenne mir an der Woch virum JOTA Tester organiséieren fir ze kucken op d’Progammatioun vum Codeplug gutt ass.

Laang Umschaltpausen noutwendeg

Ganz wichteg: Bei internationalen Verbindungen am Brandmeister-Netzwerk (och bei allen TG’s, déi mat enger „9“ ufänken), mussen lang Ëmschaltpausen (5 Sekunden !!) agehaalen ginn. Soss kann et virkommen, dass en Durchgang nët vu jidderengem empfangen gëtt.

Nëtzlech Säiten bei Brandmeister

Hei kanns du testen ob däi Signal an der entspriechender Grupp iwerdroe gouf:

Selftest

An op dëser Säit kanns du däin eegent Audio-Signal héieren (uewe riets op der Säit op de Button „Player“ klicken an dann deng Talkgroup-Nummer aginn) :
Brandmeister Hoseline
oder, Du kanns och a laafend Verbindungen era lauschteren. An der entspriechender Case op der Säit uewe riets op de roude „Player-Button“ klicken.