Frequenzlëscht

UKW 2m Frequenzen

Op dem 2m Band ginn traditionell während dem JOTA-Weekend Phonie-QSOen (Sprooch-funk) tëschent deene verschiddene JOTA Statiounen zu Lëtzebuerg gemaach, ënnert anerem fir d’Rätselen vum nationale JOTA-Spill ze léisen. Natierlech kann een hei och allméiglech aner Informatiounen austauschen.

Während dem JOTA-JOTI treffe mer eis national ob der Ruffrequenz 145.400 MHz an ginn de Guiden & Scouten Méiglechkeet sech am 25 kHz Spacing ronderëm des Frequenz auszetauschen. Fir et einfach ze halen, kann de Funkamateur zum Beispill a sengem Gerät folgend Frequenzen an enger Mémoire aspeicheren, sou dass d’Scouten net ongewollt op anere Frequenzen probéieren no JOTA-Statiounen ze ruffen. D’Frequenz 145.500 MHz soll och fräi gelooss ginn, well déi prioritär vu Funkamateuren als Mobil Uruff Frequenz benotzt gëtt.

145.300 MHzJOTA Scout national (“100 rof”)
145.325 MHzJOTA Scout national (“75 rof”)
145.350 MHzJOTA Scout national (“50 rof”)
145.375 MHzJOTA Scout national (“25 rof”)
145.400 MHzJOTA Scout Call (“Uruff”)
145.425 MHzJOTA Scout national (“25 rop”)
145.450 MHzJOTA Scout national (“50 rop”)
145.475 MHzJOTA Scout national (“75 rop”)
144.700 MHzFM lokal Spill1 (e.g. fir Nuetsspill mat Handfunkgeräter oder fix Statioune mat klenger Leeschtung)
144.725 MHzFM lokal Spill2 (e.g. fir Nuetsspill mat Handfunkgeräter oder fix Statioune mat klenger Leeschtung)
144.750 MHzFM lokal Spill3 (e.g. fir Nuetsspill mat Handfunkgeräter oder fix Statioune mat klenger Leeschtung)
144.775 MHzFM lokal Spill4 (e.g. fir Nuetsspill mat Handfunkgeräter oder fix Statioune mat klenger Leeschtung)
144.500 MHzSSTV Call/Uruff

Während dem JOTA sollen och fir normal QSOen (Kontakter mat anere Scout-Statiounen) d’Relais-Statiounen net benotzt ginn mee ëmmer nëmmen di Direkt-Frequenzen.

Déi national QST Emissioun fënnt all Joer op de Relais’en LX0LU an LX0HI statt.

UKW-Frequenzlëscht fir eraus ze drécken.

Kuerzwell

Op Kuerzwell ginn d’Frequenzen aus der folgender Lëscht prioritär vun den Scoute benotzt, wann dir also mat anere Scouten ee QSO wëllt maachen, probéiert mol op dëse Frequenze eran ze lauschteren oder CQ ze ruffen:

Hei nach déi international Guiden & Scouts Phonie Ruffrequenzen:

80 m3.690 & 3.940 MHz
40 m7.090 & 7.190 MHz
20 m14.290 MHz
17 m18.140 MHz
15 m21.360 MHz
12 m 24.960 MHz
 10 m 28.390 MHz
 6m50.160 MHz

Als Funkamateur sidd dir fir de Rëscht fräi mat ären Gruppen dat ze maachen wat dir hinne gäre wëllt weisen. Niewend normaler Phonie ass natierlech alles méiglech, ob SSTV, CW, RTTY, PSK31, ARDF, ATV, Sat …

Dokumenter fir eraus ze drécken:

KW – Frequenzlëscht

Zäitzonentafel

DXCC – Lëscht (Länner – Prefixen)