Fuussejuegt

Nee, mir huelen elo net d’Flënt a ginn op Fuussen duer. Eng Fuussejuegd ass eng Aktivitéit déi mat Funk fonctionnéiert. Op enger bestëmmter Plaz gëtt een Apparat opgestallt. Dëst ass e Funksender mat enger Antenn deen an regelméissegen Ofstänn ee bestëmmten Piipstoun send. Mat engem, oder méi Empfänger kann een dann dëst Signal héieren. Wat een dem Sender méi no kënnt, wat d’Piipsen méi haart gëtt. D’Zil ass fir de Sender ze fannen.

Falls dir hei drun interesséiert sidd, kënnt dir eis kontaktéieren. Mir kënnen iech weiderhëllefen fir un esou Material ze kommen (a limitéierter Unzuel).

Hei zousätzlech Infos am Web