IRC

IRC (Internet Relayed Chat) as eng Meiglechkeet fir mat aaneren Guiden a Scouten sech live an engem Chat auszetauschen. Fir dest kennen ze machen, braucht dir eng IRC Client Software op ärem Computer. Gut ze wessen as, dat WOSM de ScoutLink recommandeiert, well hei all Chatreim vun Operator kontrolleiert gin die am Fall wou et neideg as och agreifen.

Dir kennt Iech ob de Scoutlink Server verbannen fir mat anere Guiden a Scouten ze chatten. Den Serverhost fir den IRC Client ass chat.scoutlink.net
Et gëtt och ee speziellen Channel am Scoutlink IRC wou dir kennt op Lëtzebuergesch mat äre Kollege schreiwen: #luxembourgish.

Waat brauch ech?

Fir IRC braucht dir net vill an ass domat quasi daat einfachst waat dir um JOTI kennt maachen:

  • mettel-performante Computer(Linux/Windows/MacOSX) mat Mikro a Webcam
  • oder Handy, en Tablet
  • IRC Programm (kuckt ennen fir Links fir dei verschidde Programmer)
Linken

Wichtegst Kirzelen:

/server chat.scoutlink.net: Connectioun ob de Scoutlink Server

/list: Hei kritt der eng Lescht mat all den Chatraim

/join #chat-raum: Setzt hannert den # den Numm vum Raum deem der welt beitrieden

Hei fannt dir eng kuerz Beschreiwung vun de Kommandoen oder eng flott Beschreiwung wéi der verschidde Programmer kënnt ariichten: http://www.scoutlink.net/guides/irc/. Et gëtt mëttlerweil souguer eng Android App fir de Smartphone oder d’Tablett, déi direkt fäerdeg configuréiert fir Scoutlink ass!

Beschreiwung fir den Online-WebChat ze benotzen

Als éischt starts du däin Browser (Firefox, Chrome, Opera…)
An d’Adresseleescht uewen gëss de Folgendes an: webchat.scoutlink.net.
Da bass de op dëser Säit:
 

Bei “Nickname” gëss de däin Numm (oder Spëtznumm oder Totem, awer nët User) an a klicks op “CONNECT”.
Duerno gëss de ganz ënnen an der Schreif Fënster “/list” an.
 

Elo gesäis de uewe lenks de Menü Punkt “Channel List” a riets eng Lëscht vun allen Channels.
Wann’s de elo op en Channel aus där Lëscht klicks kënns de direkt do dran.
 

Wanns du eise lëtzebuergesche Kanal net an dëser Lëscht fënns, muss de dann ënnen an der Schreif Fënster “/join luxembourgish” aginn. Am anere Fall kanns de einfach op den Numm vum Kanal klicken.
 

Elo kanns de zu all Moment tëschent allen Channels wou’s de besicht hues hin an hir sprangen.
Vill Erfolleg dann elo beim Chatten mat der ganzer Welt.