Minecraft

Während dem JOTI gëtt et e Server deen vu Scoutlink organiséiert ass a wou Guiden a Scouten kënnen zesummen hir Welt opbauen. Méi Informatiounen an englëscher Sprooch op http://www.scoutlink.net/minecraft/about/

Et ginn do verschidde Welten, eng Survival, sou wéi de Numm et seet geet et hei dorëms an der Wildniss ze iwwerliewen. An der Creativer kann een senger Imaginatioun beim baue fräie Laaf loossen. An der Rhodesia City soll een eng nobäi realistesch Staat bauen. Skyblock ass Survival op enger Insel. Bei Werewolf muss een wéi bei Cluedo-Spiller erausfannen wiem vun deenen anere Matspiller de Werwollef ass.

Hei misst jo da bal fir jiddereen eppes derbäi sinn.

Den eenzegen Hoken, et ass net Gratis mee vill Kanner hu schonn en Minecraft Account.